D'Produktioun an d'Standuerter am Ausland
Den Tubak, dee mir verschaffen, kënnt virun allem aus Nordamerika, Simbabwe oder Europa. D'Blieder gi gepléckt, da gedréchent an duerno fermentéiere gelooss.
Fir d'Auswielen an de Kaf vun den Tubakszorte sinn d'Experte vu Landewyck zoustänneg. Si huele Stéchprouwen, déi da genee kontrolléiert ginn. Nëmmen déi bescht Qualitéit gëtt ugeholl.
Zu Lëtzebuerg-Hollerech gëtt d'Matière première net nëmme gelagert; hei ginn d'Tubaksblieder och eng éischte Kéier opbereet. D'Gesamtfläch vun dësem Standuert erstreckt sech iwwer 40.000 m2.
Well sech déi verschidden Zigarettemarken am Goût ënnerscheeden, d'Rekolten awer net all Joer d'nämmlecht ausfalen, gi 40 verschidden Tubakszorte matenee vermëscht, fir datt jiddwer Mark och ëmmer hire ganz speziellen, eegene Goût behält.
Déi gedréchent Tubaksblieder ginn d'éischt gewien an da mat Damp ugefiicht, ier se gemëscht ginn. No enger Zwëschelagerung vu 24 Stonne gëtt dës Mëschung mat natierlechen Aromaen ugeräichert, ier d'Tubaksblieder geschnidde ginn an an d'Réischtermaschinn kommen. D'Mëschung ass domat prett fir dee leschte Veraarbechtungsschrëtt.